arrow_back_ios
Aktuelles
Klima-Konferenz zu Bonn
Fir d'Welt-Klima-Konferenz am Dezember am Chile ze preparéieren hu sech Signatairë vum Paräisser Klima-Ofkommes zu Bonn getraff. Tëschent dem 17. an 27. Juni goufen op dëser Konferenz déi technesch Schwéierpunkte vun der Klima-Politik en Vue vun der Welt-Klima-Konferenz diskutéiert. 196 Länner hunn un der Konferenz zu Bonn deelgeholl. De Maurice Antony huet sech mam Andrew Ferrone, Lëtzebuerger Vertrieder am Welt-Klima-Rot ënnerhalen.