Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Semaine d'ouverture bei de Rencontres d'Arles

Gëschter war de Startschoss fir déi 50. Editioun vun den Rencontres internationales de la Photographie d'Arles. Bis de Sonndeg inclus ass Semaine d'ouverture an dat bedeit, datt an der ganzer Stad, Dag an Nuecht, Fotografen an Ausstellungscommissairen an den Expoe present sinn, oder sech mam Public bei Debaten austauschen. Vernissage fir d'Kënschtlerinne Claudia Passeri an d'Krystyna Dul, also déi Lëtzebuerger Vertriederinnen, ass de Freideg an der Chapelle de la Charité. D'Kerstin Thalau hat mam Festivaldirekter Sam Stourdzé iwwer de ronne Gebuertsdag an de Lëtzebuerger Beitrag geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen