Klassik aktuell
De Ballet Zorbas
De Film "Alexis Sorbas" war an de 60er Joren ee vun deene populäersten, an den Acteur Anthony Quinn huet eng vu senge beschte Rolle gespillt. Mee och dem Mikis Theodorakis seng Filmmusek ass ronderëm d'Welt komm. An den 80er Joren huet de Komponist och e Ballet kreéiert. De Choreograph vum Theater Tréier, de Roberto Scafati, huet de Ballet fir seng Trupp nei interpretéiert an zu Tréier mat vill Erfolleg opgefouert. Dës Produktioun ass e Samschdeg (6. Juli 2019) um Wëltzer Festival ze gesinn.