arrow_back_ios
Aktuelles
G20-Sommet
Haut Freideg fänkt an der japanescher Stad Osaka de G20-Sommet un. Déi räichste Länner vun der Welt kommen all Joer an deem Kader zesumme fir iwwer d'Weltwirtschaft an den Handel ze diskutéieren.
Wéi esou dacks an der rezenter Vergaangenheet kéint den US-President Donald Trump de Sommet dominéieren. Et well een um Sommet d'Spannungen tëschent den USA an dem Iran verklengeren. Mee dat gréisst Thema vun allen ass den Handelssträit tëschent den USA a China.
Eise Korrespondent Philip Crowther ass zu Osaka an huet eis dës Detailer geschéckt.