arrow_back_ios
Aktuelles
Serie Sportkeelen: D'Keelspiller Mandy Parracho a Gilles Mores
Eng Schéierbunn, eng Klatz an néng Holz, déi am beschten all mateneen ëmfalen, wann een op se schéisst ... Dorëms geet et am Sportkeelen. D'Mandy Parracho an de Gilles Mores sinn zwee vun den Athleten, déi un der 14. Editioun vun der Sportkeele WM zu Langenfeld an Däitschland Ufank Juni deelgeholl hunn. D'Tessy Steffen Koenig huet si zu Péiteng am nationale Keelenzenter getraff.