Panorama
Panorama
Et gi keng geheim Datebanken bei der Police an och kee "Casier bis" an der Magistratur. Dat schreiwen d'Minister fir bannescht Sécherheet a Justiz an engem gemeinsamen oppene Bréif De Mouvement Ecologique ass net averstane mat e puer Aussoë vum Premier Xavier Bettel bei senger Ried op Nationalfeierdag. Carole Dieschbourg: "Lëtzebuerg soll Virreider an der Lutte géint de Plastik à usage unique ginn." De Maurice Bauer gëtt neien CSV-Schäffen an der Stad Lëtzebuerg, mellt d'Stater Stektioun vun der CSV. Een vun den zwee Pilote vun de kollidéierten "Eurofighter" Kampffliger ass doud. EUGH: D'Erofsetze vum Pensiounsalter fir Riichter vum ieweschte Geriichtshaff a Polen verstéisst géint EU Recht.