arrow_back_ios
Aktuelles
Flüchtlingsrot kritiséiert Flüchtlingsstruktur um Kierchbierg
Dat sot Nonna Sehovic vun der CARITAS am Numm vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. Am SHUK gi Réfugiéen ënnerbruecht, déi schonn an engem aneren EU-Staat eng Demande op Asyl gemaach hunn an dohinner zeréck geschéckt solle ginn, déi sougenannten Dubliners. Fir op d' Mëssstänn an der SHUK opmierksam ze maachen, stoung de leschten Donneschdeg en Zelt op der Place Clairefontaine. En Zelt wéi een et och an der SHUK um Kierchbierg virfënnt.