Commentaire
Wann d'Grondrechter vergiess ginn ...
Déi lescht Woche gouf et vill Polemik iwwer eng Datebank vun der Police. Rieds goung vun Intransparenz, geheime Police-Fichieren a geheime Casieren. Och no enger laanger Reunioun dës Woch an der Chamber gouf behaapt, et wier nach villes onkloer. D'Ministere Braz a Bausch souwéi de Police-Generaldirekter an d'Procureure Générale stoungen den Deputéiert Ried an Äntwert. D'Manéier, wéi d'ëffentlech Debatt mat ville Spekulatioune geféiert gëtt, bréngt dem Dateschutz an dem Schutz vun der Privatsphär séier wéineg. Eng Chronik vum Jean-Claude Franck