arrow_back_ios
Aktuelles
D' EU ass net op der Linn vun den USA
E Krich tëscht den USA an dem Iran wier trotz den aktuellen Tensiounen tëscht béide Länner onwahrscheinlech. Dat sot den Ausseminister Jean Asselborn gëschter op engem Point Presse nodeems hie seng europäesch Homologuen an de jordaneschen Ausseminister um Kierchbierg getraff hat. Insgesamt wier d' Situatioun am ganzen Noen Oste ugespaant.