arrow_back_ios
Aktuelles
Meluxina, de Lëtzebuerger Supercomputer
Lëtzebuerg kritt e Supercomputer. Eist Land krut den Zouschlag fir ee vun aacht HPCen (High Performance Computeren), déi uechter Europa wäerten installéiert ginn, hei ze hébergéieren. E kënnt op Biissen an den Data-Zenter vun der Firma Lux-Connect, enger privater Gesellschaft, där hieren eenzegen Aktionär de Staat ass. Et geet ëm en Invest vun 30 Milliounen Euro, deen zu engem Drëttel vun der EU-Kommissioun gedroe gëtt.