arrow_back_ios
Aktuelles
Mëllerdall: ee Joer no den Iwwerschwemmungen
Hefteg Iwwerschwemmungen hu virun engem Joer vill Schued an der Tourismusregioun Mëllerdall ugeriicht. Zanter dësem Méindeg ass d'Strooss vu Bäerdref op Iechternach nees op. Virdrun war d'Duerf just vu Konsdref aus ze erreechen. Vill Wanderweeër an der Regioun waren zerstéiert an Haiser iwwerschwemmt ginn. Ee Joer méi spéit schéngt een iwwer de Bierg ze sinn. An trotzdem steet nach Aarbecht un, éier nees alles sou ass, wéi virdrun. E Reportage vum Stephan Polet.