arrow_back_ios
Aktuelles
Extrem Aarmut bei Elengerzéiende klëmmt
23 Prozent vun den Elengerzéiende liewen zu Lëtzebuerg an extremer Aarmut. D'Chambre des salariés weist an hirer Etüd iwwer d'Aarmut hei zu Lëtzebuerg, datt bal ee Véierel vun deene Famille manner wéi 40 Prozent vum Revenu équivalent médian zur Verfügung hunn. An der gesamter Populatioun si 5,8 Prozent vun de Stéit an deem Fall. 70 Prozent vun den Elengerzéienden Eltere schaffe, mee hunn een Deelzäitjob, deen dacks schlecht bezuelt ass. D'CSL an d'Caritas fuerderen eng Hausse vun de sozialen Transferten.