arrow_back_ios
Aktuelles
En neie Wunn-Modell um Kierchbierg
Op Initiativ vum Grupp ADHOC soll um Kierchbierg eng sougenannte Wunnengs-Baukooperativ entstoen. Mat dësem Bottom-Up-Prinzip soll bis Enn 2022 eng intergenerationell Communautéit an dat zukünftegt Gebai um Réimerwee plënneren. Mam Projet wéilt een nei Akzenter a punkto sozialem, Ëmwelt-orientéierten a spuersame Wunnen setzen. De Maurice Antony huet mam Paul Matzet, Porte-parole vum Wunn-Projet ADHOC, geschwat.