Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

D'Nordliichter als Calypso Song, esou géing de Marc Clement den Twenty/Twenty beschreiwen. 1999 hate vill Rockbands "hire" Pop-Album enregistréiert. Esou och d'Super Furry Animals, déi op "Guerilla" ëmmer erëm d'Gittaren op d'Säit stelle fir hir Songs eemol anescht ëmzesetzen.

Déi dräi Jonge vum Grupp O Terno komme vu São Paulo a musizéieren zanter 2009 mateneen. Hiren Numm heescht De Kostüm, an hirer Musek no,ass et en handgeschneiderten, mat engem eleganten Design aus de 60er. Op hirem véierten Disk "<atrás​/​além>" hunn si sech a punkto Orchestréierung net zeréckgehalen. Hir melodiéis a suave Lidder goufen elo mat Orchester ausgebreet. An d'Resultat ass grad esou epesch wéi intim. Den Album vun der Woch presentéiert de Jamie Reinert.

Nieft dem Concertstipp, dem Déjà-Vu Album vun der Woch, dem Pit Walté sengem Besuch am Studio an dem Philippe senger ganz perséinlecher Playlist, lafen déi bescht nei Indie- a Major Label Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a. vum Steve Lacy, Hot Chip an aneren.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats Lungo

    Véier Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Et ginn nees dräi Stonne mat gudder Musek, dem Concertstipp, dem Album vun der Woch, den Déjà-Vu an nees eppes frësch Gepresstes.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Exzeptionell véier Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen