arrow_back_ios
Aktuelles
CSV-Wahlprogramm ouni klore Profil
Bei den Europawahlen zu Lëtzebuerg ginn et eng Rei Explikatiounen, wéi et zu de Wahlresultater koum a firwat et zu grousse Verloschter bei der CSV an zum Succès vun déi gréng a vun der DP koum. D'CSV an d'LSAP hu Schwieregkeete Jonker unzezéien. Dowéinst verléiere se an de Stied. Béid Parteien haten och keen Zuchpäerd, am Géigesaz zur DP. De Wahlprogramm an d'Prioritéite vun der CSV waren och net kloer, seet d'Professesch Anna-Lena Högenauer vun der UNI Lëtzebuerg. D'Carole Schimmer mat enger Wahlanalys.