Jazzin' Around

Pit Dahm Pol Belardi

Ass dat do nach Jazz?

Jazz ass hautdesdaags alles wat lieweg, opgereegt a frësch kléngt. D'Grenzen an d'Tiräng verschwanne lues a lues. Vun de Grondingrediente bleift haaptsächlech nach d'Improvisatioun iwwereg.

De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren den Jazz an all sengen Zoustänn, vu senger Urgestalt zu New Orleans bis zum moderne Gewand vu senge villen Derivater, sief et Funk, Groove, Hip-Hop, Electro, Post-Rock oder World Music.

Joel Ross - Kingmaker

Dem Joel Ross säin Album "Kingmaker" featured eng Rëtsch jonk Jazz-Museker am Häerze vun New York, déi een iwwer déi nächst Jore besser soll am A behalen, dorënner zum Beispill den Alt-Saxofonist Immanuel Wilkins oder de Batteur Jeremy Dutton. En immens gelongene Repertoire vun eegene Kompositiounen, wou sech ee schéine Fil Rouge doduerch zitt. De Joel Ross huet elo schonn eng staark Stëmm um Vibraphon entwéckelt, déi sech an d'Linn vun engem Bobby Hutcherson areit, awer Influenze vu moderne Stiler net negligéiert. En Album, deen absolut ze recommandéieren ass, hei presentéiert vum Pit Dahm a vum Pol Belardi.

Rezent Emissiounen

  • Good Vibes - De Vibraphon am Jazz

    Ee méi exotescht Instrument: De Vibraphon. Een nach relativ jonkt Instrument, dat trotz allem eng prominent Roll besonnesch an der Jazzwelt huet. 

  • No Harmony wanted!

    Obwuel Piano a Gittar ëmmer gäre gesinn Instrumenter an enger Band sinn, verzichte verschidde Museker entweder bewosst oder gezwongenermoossen drop.

  • Pit's Classics

    E puer Bands, déi hien als Teenager gelauschtert huet.

  • Holland

    E puer jonk a manner jonk Talenter, déi souguer deelweis zesummen op der hollännescher Jazzbühn stinn.

  • Tribute Show

    Jazzmuseker fir Jazzmuseker mat Musek vun ënner anerem Donald Byrd, Charles Mingus oder Stevie Wonder

  • Beam - Flight Dream

    Deen neien CD vum jonken, opreegende Quartett, entstanen aus enger Zesummenaarbecht vun zwee lëtzebuergeschen an zwee israelesche Museker.

  • Jazzin' Around

    Elektronësch Sound am Jazz? Hautdesdaags quasi eng Normalitéit.

  • Traditional Jazz och nach haut?

    Wat dreift eng Band dozou, haut nach Jazz am Sënn vun der Traditioun ze spillen? Fakt ass, dass et nach ëmmer jonk Museker ginn, déi dat op eng meeschterhaft Aart a Weis ausféieren an hier Plaz an der aktueller Jazzlandschaft hunn. 

  • LOVE

    Léift ...en éiwegt Thema an der Konscht a wahrscheinlech ee vun deene gréissten Impulser, déi een Artist dozou dreift, kreativ ze sinn.

  • Solo Piano

    D'Kinneksdisziplin vum Jazz nieft dem Trio. Réckbléck op déi lescht honnert Joer mat Musek vun ënner anerem Art Tatum, Lennie Tristano oder nach Keith Jarrett.

  • BADBADNOTGOOD

    De kanadesche Kollektiv rëselt déi musikalesch Welt duerchernee mat engem opreegende Mix aus Jazz a Groove, gefiddert mat villen Hip-Hop Elementer.

  • What's that sample?

    Loops a Grooves ginn dacks aus gesampeltem Material vu bestoenden Opname gemaach: J. Dilla vs. Miles Davis, The Roots vs. Bucky Pizzarelli, ...

  • Neies an Ales zesummen

    Dat ass näischt Neits. Vermësche vu verschiddene Stiler ass net nëmmen haut a Moud. Musek vu Fréier an Haut, déi vun esou Mëschunge lieft. 
     

     

  • Jazzin' Around...déi éischt!

    An der Pilot-Episod vun dëser neier Serie Ronn em den Jazz présentéiert de Pit Dahm an de Pol Belardi hier Coup de Coeur'en vum Summer 2018.

Programm

  • Metal Meltdown

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Samschdes-Magazin

  • Noriichten

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen