arrow_back_ios
Klassik aktuell
An duebeler Missioun beim Klenge Maarnicher Festival
D'Kasia Wieczorek ass an duebeler Missioun beim Klenge Maarnicher Festival. Engersäits leet si e Meeschtercours fir Pianisten am Conservatoire du Nord a preparéiert hir Studenten op den Ofschlossconcert haut den Owend (23.5.2019) um aacht Auer zu Léiler an der Kierch. Anerersäits spillt si zesumme mam Geiist Sandro Roy e Samschdeg (25.5.2019) den Ofschlossconcert vum Klenge Maarnicher Festival am Cube 521. De Luc Boentges huet mat hir iwwer dës zwou Tâchë geschwat.