arrow_back_ios
Aktuelles
Petitioun fir Referendum Wäiswampech
"D'Haaptzil vun der Biergerinitiativ ass, de Projet ze stoppen". Dat sot de Pol Holweck, President vun der Biergerinitiativ Wäiswampech. Eng belsch Bau-Entreprise soll op ronn 20 Hektar e Resort mat Hotel, klenge Wunnhaiser an Aktivitéitszone fir ëmgerechent 50 Milliounen Euro bauen. Mat engem Referendum wëllt d'Biergerinitiativ dëse Projet elo op Äis leeën. De Maurice Antony huet mam Pol Holweck geschwat, deen ee méi demokrateschen Entscheedungsprozess bei grousse Bauprojete an der Gemeng revendiquéiert.