Invité am Moies-Magazin

Michael Battenberg a Frank Minette

Wäit iwwer 100 Joer gëtt et Kino zu Iechternach. Vum Kinostierwen, dat besonnesch den 1970er agelaut gouf, blouf deemools och de Ciné Sura zu Iechternach net verschount. Mee op Initiativ vu Kino-Enthusiasten huet viru méi wéi 25 Joer eng Asbl d'Initiativ iwwerholl, an esou ass bis haut de Kino ee feste Bestanddeel vun Iechternach. Vill Initiativen a Manifestatioune stinn all Joer um Programm vun der Asbl, an esou ginn et och dëst Joer nees Editioune vun Auto- an Open-Air Kino. Déi Evenementer, wéi och d'Geschicht vum Kino zu Iechternach an een Ausbléck an d'Zukunft, stinn am Mëttelpunkt vum Gespréich mat den Invitéen.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen