arrow_back_ios
Aktuelles
Um Kierchbierg liewen
Am Joer 2040 sollen um Kierchbierg bis zu 25.000 Leit wunnen a bis zu 67.000 Leit schaffen. Dat ass den Entwécklungszeenario, dee gëschter op der Bilanspressekonferenz vum Fonds Kirchberg gezeechent gouf. Dofir soll weider urbaniséiert gi mat enger ugepasster Mobilitéit. Zweedrëttel vum neie Wunnraum soll zu abordabelen oder soziale Präisser sinn. D'Mick Entringer mat Detailer.