Aktuelles
Aartevilfalt
Eng Millioun Planzen- an Déierenaarte sti virum Ausstierwen. Vill dovunner an den nächste Joerzéngten. Esou d'Warnung an engem Rapport, deen de Weltbiodiversitéitsrot vun der UNO viru bal zwou Wochen verëffentlecht huet. De Rapport soll als Grondlag dénge bei de Verhandlungen ëm en UN-Ofkommes fir de Schutz vun der Biodiversitéit. Dëst Ofkommes kéint dann am Oktober 2020 op der Weltnaturschutzkonferenz zu Kun-ming a China beschloss ginn. De Stephan Polet huet mat der Lëtzebuerger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg geschwat.