arrow_back_ios
Klassik aktuell
99 Joer fir den Ensemble à plectres vun Esch
Den Ensemble à plectres vun Esch/Uelzecht spillt Musek aus dem Barock bis zu zäitgenëssesche Wierker. Den Ensemble proposéiert e Samschdeg (18.5.2019) e Concert am Escher Conservatoire a plangt och scho fir 2020 säin 100. Anniversaire. De Juan Carlos Munoz, Professer fir Mandolinn am Escher Conservatoire an op der Musekshéichschoul vu Saarbrécken, ass den Dirigent vum Ensembel.