arrow_back_ios
Klassik aktuell
E villsäitege Museker
Gëschter Owend (14.5.2019) war an der Philharmonie déi éischt Opféierung vun enger neier Produktioun vun "Agrippina" mam Ensemble Il pomo d'oro ënner der Leedung vum Maxim Emelyanychev. De Pianist an Dirigent ass e Kënschtler mat ville Facetten. Zu Luzern krut hien en International Classical Music Award fir eng Opnam mat Mozart-Sonaten, elo dirigéiert hien eng Händel-Oper, deemnächst iwwerhëlt hien de Scottish Chamber Orchestra.