arrow_back_ios
Klassik aktuell
Quatuor pour la fin du temps
Den "Quatuor pour la fin du temps" huet den Olivier Messiaen während der Krichsgefaangenschaft komponéiert. D'Stéck gouf am Stalag VII A, de 15. Januar 1941, eng éischte Kéier gespillt. Mëttlerweil gëllt dëse Quartett als e Symbol an e Meeschterwierk aus dem 20. Joerhonnert. De "Quatuor pour la fin du temps" gëtt muer Mëttwoch (15. Mee 2019) am Stater Conservatoire opgefouert.