arrow_back_ios
Aktuelles
Auslännerwahlrecht: kritt d'Debatt eng nei Dynamik?
Kënnt eng nei Dynamik an d'Diskussioun iwwer d'Auslännerwahlrecht ? Kënnt iwwerhaapt emol nees Beweegung an en Dossier, dee jo zënter dem Referendum vun 2015 zimlech dout ass ? Déi Fro kann ee stellen, nodeems den LCGB-President Patrick Dury den 1. Mee, am Numm vu senger Gewerkschaft, erëm "dat akiivt a passiivt Wahlrecht fir alleguerten d'Matbierger hei am Land" gefuedert hat. Wéi reagéiert d'Politik?