Aktuelles
Asyl- an Migratiounspolitik an den EU-Wahlprogrammer
D'Asyl- an d'Immigratiounspolitik huet zanter 2015 grouss Clivagen an der Europäescher Unioun gewisen. Géigeniwwer der Flüchtlingskris, den dausenden Doudegen am Mëttelmier, an de Mënscherechtsverletzungen, déi Flüchtlingen erliewen, huelen d'EU-Memberstaaten ganz ënnerschiddlech Positiounen an - wäit ewech vun enger gemeinsamer europäescher Asyl- a Migratiounspolitik. Déi contraire Vuë spigele sech och an de Wahlprogrammer nidder vun den zéng Parteien, déi zu Lëtzebuerg fir d'Europawahlen untrieden. En Iwwerbléck mam Mick Entringer.