Aktuelles
Klimaschutz: Schüler a Politik
Mir hoffen datt mir net fir näischt komm sinn an datt d'Politik eis eescht hellt. Esou d'Reaktioun vun enger Partie Schüler nom éischte vun enger Rei Echange mat der Regierung. No de Youth-for-Climate Protester am Mäerz, hunn den Educatiounsminister Claude Meisch, d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den Agrarminister Romain Schneider eng Réi Treffen mat Schüler organiséiert, fir iwwert de Klimaschutz ze schwätzen. Zesumme mat der Conférence Nationale des Elèves du Luxembourg, kuerz CNEL, gouf e Mëttwoch déi éischt esou Ronn am Forum Geesseknäppchen organiséiert.