arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Rees duerch Italien
Crossing Europe, dëse Sonndeg um 5 Auer an der Philharmonie, ass e weidere Concert mam Orchestre de Chambre du Luxembourg, dës Kéier mat "Visiting Italy" als Motto. Um Programm: Pergolesi, Stravinsky mat der Suite "Pulcinella" an dem Mendelssohn-Bartholdy senger faméiser Sinfonie Nr. 4, genannt déi Italienesch. Den Dirigent Carlo Rizzari war beim Manuel Ribeiro live am Studio.