arrow_back_ios
Klassik aktuell
Vu Bach bis Berg
Am nächste Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, e Freideg (3.5.2019) an der Philharmonie, schléit de Chefdirigent Gustavo Gimeno de Bou vun der fréier Klassik bis bei déi zweet Wiener Schoul, vum Carl Philipp Emmanuel Bach bis bei den Alban Berg. Solistin ass déi schwedesch Mezzosopranistin Anna Larsson.