arrow_back_ios
Aktuelles
Kee Wahlkampfofkommes bei den Europawahlen
Zanter ronn enger Woch gesäit een op de Stroosse Plakater, mat deenen d'politesch Parteien op sech opmierksam wëlle maache fir d'Europawahlen. Anescht wéi soss bei Wahlen hei am Land, gëtt et dëst Joer tëschent de Parteie keen Ofkommes, dat de Wahlkampf reegele soll. An der Vergaangenheet goufen an sou Ofkommesse gewësse Fairness-Reegele festgeluecht, an et goufe sech Limitte gesat, wat d'Zuel vun de Plakater an d'Ausgaben allgemeng ugeet. Dozou Hannergrënn vum Stephan Polet.