Commentaire
D'USA wëlle méi Drock op de Maduro-Regime maachen
Iwwer dräi Méint laang gëtt et elo am Venezuela zwee Presidenten. Den Nicolas Maduro bleift un der Muecht an huet d'Ënnerstëtzung vun der Arméi, vu China, vu Russland a vu Kuba. De Chef vum Parlament ass de Juan Guaidó. Hien nennt sech och den Iwwergangs-President, eng Definitioun, déi d'USA an iwwer 50 aner Länner och akzeptéiert hunn. D'USA si frustréiert: hir Unerkennung an hir Sanktioune géint de Maduro-Regime hu kee Wiessel bruecht, just eng méi déif politesch an humanitär Kris. Eise Washington-Korrespondent Philip Crowther mat Detailer.