arrow_back_ios
Aktuelles
Fräie Mikro zu Mosul
Wéi Mosul duerch d'IS-Terrororganisatioun besat war, huet dës Stad zu deene weltwäit geféierlechste Plaze fir Journaliste gegollt. Den IS huet Journaliste festgeholl, an den Exil gedriwwen, ëmbruecht. Informatioune vu bausse si kaum nach bis un d'Leit komm, de Besëtz vun engem Handy oder enger Satellitteschossel si streng bestrooft ginn.
Haut wëlle Journalisten aus Mosul d'Mediewelt an der zweetgréisster Stad aus dem Irak erëm beliewen. D'Charlotte Bruneau war op Besuch bei der nach jonker Radiostatioun One FM.