arrow_back_ios
Aktuelles
Nationalbibliothéik: Déi grouss Plënneraktioun
D'Nationalbibliothéik plënnert an hiert neit Gebai um Kierchbierg. Enn September soll et fir de Public opgoen. Bis dohi mussen nach vill Bicher an Dokumenter aus der Stad, a vun anere Sitten, op de Kierchbierg geplënnert ginn. Fir déi Responsabel ass dat eng grouss organisatoresch Erausfuerderung. De Pierre Reyland war ee Moie laang bei der Plënneraktioun vun der Nationalbibliothéik mat derbäi.