Fräie Mikro

radio 100,7

Mir informéieren Iech, datt eis Rubrik "Fräie Mikro" vun der Rentrée un, dëse 16. September, virleefeg suspendéiert ass.

D'Meenungsvilfalt an den Accès vun der Zivilgesellschaft op eis Antenn si fir eis wichteg a wäerte sech och an Zukunft an eisem Programm zeréckspigelen. Mir schaffen un engem neie Konzept, deen dem "Fräie Mikro" eng nei a méi kohärent Plaz an eisem Programm gëtt.

100 Joer allgemengt Wahlrecht

Den 8. Mee 2019 ginn et 100 Joer, datt dat allgemengt Wahlrecht fir Lëtzebuerger Männer a Fraen vun iwwer 21 Joer ageféiert gouf. De Michel Pauly erkläert, wéi et dozou koum, mat wéi engen Argumenter d'Rechtspartei an d'Aarbechterpartei dofir ugeféiert hunn a firwat déi Liberal dogéint waren. Et gëtt een nawell un d'Diskussioune vu virum Referendum vun 2015 erënnert, mengt de Michel Pauly, Senior-Professer fir transnational Lëtzebuerger Geschicht op der Uni Lëtzebuerg.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen