arrow_back_ios
Aktuelles
En digitale Bannemaart ... ouni Grenzen?
D'Schafe vun engem digitale Bannemaart, ouni Grenzen an ouni Hindernisser - dat war eng Prioritéit vun der Kommissioun-Juncker. Wann aus 28 nationalen Digital-Mäert een eenzege gëtt, da kéinten doduerch, esou gouf deemools gesot, Honnertdausende vun neien Aarbechtsplaze geschaaft a Recettë vu méi wéi 400 Milliarden Euro d'Joer generéiert ginn. De Maurice Molitor huet bei zwee Experten nogefrot, a wéiwäit d'EU-Kommissioun hir Ambitiounen op deem Plang realiséiere konnt.