Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Et brennt den Ament zu Veianen am Bësch, d'Pompjeeë sinn op der Plaz.
  2. Et feelt un Hotellen an der Haaptstad fir der Demande gerecht ze ginn, seet den Direkter vum Luxembourg City Tourist Office, den Tom Bellion.
  3. No de schlëmmen Attentater gëschter op Sri Lanka goufen haut weider Sprengsätz an der Haaptstad Colombo fonnt a kontrolléiert gesprengt. Eng weider Persoun gouf festgeholl.
  4. Haut ass et eng Woch hier, datt et zu Paräis an der Kathedral Notre-Dame gebrannt huet. Esou séier wéi méiglech soll dat historescht Gebai restauréiert ginn, eng Entreprise fir déi aus der ganzer Welt Hëllefsversprieche kommen
  5. Vun Ufank Mee u gëllen d'Sanktioune vun den USA um Import vu Pëtrol aus dem Iran ouni weider Ausname fir bestëmmte Staaten. Dat huet d'Wäisst Haus zu Washington annoncéiert.
  6. Russland wëllt zu dësem Zäitpunkt nach net iwwer eng eventuell Zesummenaarbecht mam neien ukrainesche President Wolodymyr Selenskyi schwätzen.
  7. Bei engem Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 6,3 am Norde vun de Philippinnen sinn op d'mannst fënnef Mënschen ëm d'Liewe komm.
  8. D'Mandy Minella steet am Haapttableau vum WTA-Tennistournoi zu Stuttgart. De Mëtteg huet d'Lëtzebuergerin am drëtten Tour vun der Qualifikatioun an dräi Sätz mat 6:3, 5:7 a 6:2 géint d'Russin Vera Zvonareva gewonnen.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    28 Doudeger bei Attack op syrescht Flüchtlingslager / Davutoglu demissionéiert / Mondorf ass an der Coupe Final - Liverpool spillt déi vun der Europa League.

  • Panorama

    LuxLeaksprozessPwC fuerdert symboleschen Euro / Waffestëllstand zu Aleppo / Viraussiichtlech Regierungswiessel an der Tierkei.

  • Panorama

    LuxLeaks-Prozess: Defense fuerdert Fraihsproch vun Ugeklotenen / Jeannot Krécké als Member vun Arcelor Mittal- Verwaltungsrot konfirméiert / EU-Kommissioun recommandéiert Ophiewe vu VISA-Pflicht fir Tierken

  • Panorama

    Iwwer 7,5 Milliarden direkt Steieren 2015 agezunn / Menthol-Zigarette gi vun 2020 u verbueden / Ted Cruz gëtt op, Wee fräi fir Donald Trump

  • Panorama

    Kanada: Evakuéierung vu Fort McMurray wéinst Bëschbrand / USA: Trump wënnt am Indiana, Cruz gehait d'Handduch / ​Luxleaks-ProzessPlädoyeren haut um Programm

  • Panorama

    Kanada: Evakuéierung vu Fort McMurray wéinst Bëschbrand / USA: Trump wënnt am Indiana, Cruz gehait d'Handduch / ​Futtball Championsleague: Atlético Madrid eliminéiert Bayern München

  • Panorama

    LuxLeaks-Prozess: Deltour hätt Rulingen wéinst Contenu viruginn / Demo fir Gesondheets- a Fleegesecteur net néideg, seet Regierung / Staatsmusée mécht Spendenopruff fir Uelech-Tableau

  • Panorama

    Luxleaks-Prozess: "Ech hunn et aus Biergerpflicht gemaach" / Stopp vun TTIPVerhandlunge méiglech / Wirtschaftsprognose fir Eurozone manner gutt

  • Panorama

    TTIP-Leaks: Greenpeace fuerdert Publikatioun vun all den Dokumenter / Suite vum Luxleaks Prozess​ / ​Internationalen Dag vun der Pressefräiheet.​

  • Panorama

    Solidaritéits-Manif fir Aleppo op der Place Clairefontaine / Suite vum Luxleaks Prozess​ / Futtball: Leicester ass neien englesche Champion.

  • Panorama

    Greenpeace publizéiert Detailer aus TTIP-Verhandlungen / Syvicol beschäftegt sech weider matt Fro op Gemenge Post-Servicer däerfen ubidden / John Kerry: Lag a Syrien deelweis ausser Kontroll

  • Panorama

    TTIP-Leaks: geheim Dokumenter confirméieren d'Befierchtungen / Beméiunge fir Wafferou a Syrien / CGFP wiert sech géint Ofschafe vu Primen

  • Panorama

    Den John Kerry setzt sech fir d'Wafferou a Syrien an / Greenpeace publizéiert geheim TTIP-Dokumenter / "Stabilt" Resultat fir déi läscht Editioun vun der Fréijoersfoire

  • Panorama

    Den John Kerry setzt sech fir d'Wafferou a Syrien an / Greenpeace publizéiert geheim TTIP-Dokumenter / "Stabilt" Resultat fir déi lescht Editioun vun der Fréijoersfoire.

  • Panorama

    1. Mee: Kritik vum LCGB u Regierung an OGBL/Attentater an Tierkei an Irak: 30 Doudeger/Sport: Victoire fir Rosberg zu Sotchi an Quintana zu Genf

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen