arrow_back_ios
Post vum Guy
Post aus Brasilien: Méi wéi ee Land
De Guy Helminger ass am Norde vu Brasilien, am Amazonasgebitt ukomm, mee hien huet d'Gefill, ëmmer erëm an engem anere Land ze erwächen. Wat verbënnt Novo Hamburgo oder Nova Petropolis am Süden, wou d'Leit nach zum Deel Däitsch matenee schwätzen, mat enger Stad wéi Brasilia, déi 2.000 Kilometer nërdlech läit a guer net fir do ze wunne geduecht ass. A wat verbënnt déi zwee mat Santarém, eng Hafestad um Amazonas, wou d'Baueren ëm hir Existenz fäerten, well ëmmer méi Bësch futti gemaach gëtt.