Blue Note

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Reut Regev (c) Carsten Fleck

Concerte mee och Artists in Residence zu Diddeleng

D'Trombonistin Reut Regev's a Band spillen den 29. Abrëll am Kulturzenter OpderSchmelz am Kader vum Zyklus "We love Girls".

Geschwënn ass och Zäit fir de festival "Like a Jazz Machine". De Pol Belardi war ee vun den Artists in Residence am Kulturzenter OpderSchmelz a steet zweemol op der Bühn am Kader vum Jazzfestival.

Den Anton Eger, Batteur vum faméisen Trio Phronesis, huet säin éischten Solo-Album beim Label Edition records, erausbruecht.

Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

  • Reset + Blindfold

    En neie Festival am Neimënster, e puer Previews op d'Joer 2018 an e klenge Blindfold-Test ...

  • Jazz on Christmas Project

    A Jazzy Christmas! Si folkloristesch Chrëschtdagsmusek an héichwäerteg Jazzmusek iwwerhaapt kompatibel?

  • 2017: Réckbléck op lëtzebuergesch CD-Produktiounen am Jazz

    Fënnef ganz kreativ Produktiounen

  • Focus & Re-Focus

    Dem franséische Saxophonist Sylvain Rifflet seng nei Produktioun "Re-focus" am Verglach mam Stan Getz sengem Wierk "Focus" aus dem Joer 1961.

  • Loran Witteveen

    E Pianist, deen am Moment zu Den Haag lieft a schafft, an dat virun allem u senge Kompositiounen. Hie schreift vill Etudë fir Solo Piano oder fir säin Tri.

  • Thelonious "Sphere" Monk at a 100

    Viru genee 100 Joer sinn zwou Ikone vum Jazz - den Trompettist Dizzy Gillespie an de Pianist Thelonious "Sphere" Monk gebuer.

  • Ernie Hammes a säin neien Opus: Evolution

    Den 29. November 2017 ass d'Release vum Trompettist senger neier Jazz-CD am Kulturzenter OpderSchmelz - Diddeleng.

  • Woody Shaw revisited

    De Brian Lynch huet d'Musek vum Hardboptrompettist Woody Shaw ënnert enger Latin-Jazzperspektiv revisitéiert.

  • Benoit Martiny a Michel Pilz

    De Bassklarinettist Michel Pilz gehéiert zu de Veterane vum Lëtzebuerger Jazz. Mam Benoit Martiny huet hien en interessanten Duo-Projet gestart.

  • Jimi Jazz

    Den Jimi Hendrix (1942-1970) huet net nëmmen de Genre Rock mä och den Jazz beaflosst - bis haut.

  • Den Adam Rogers

    Den New Yorker Gittarist huet mat der crème de la crème vun der Jazzzeen gespillt: Vu Michael Brecker bis Norah Jones, iwwerall goufe seng Déngschter gefrot.

  • Jeff Herr Corporation: CD Release "Manifesto"

    Nei CD vum Jeff Herr an de Programm vum Kulturzenter OpderSchmelz - Diddeleng

  • Dizzy Gillespie

    E Portrait vum gréissten Jazztrompettist vun allen Zäiten, deen den 21. Oktober 100 Joer al gi wier.

  • Women in Jazz

    D'Fraen am Jazz déi keng Sängerinne sinn, si leider meeschtens an der Ënnerzuel. E Bléck op wonnerbar Musekerinnen, déi den Jazz mat verännert hunn. 

     

  • Een Owend mat The Bad Plus

    Fantasteschen Trio aus New York

Programm

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen