Blue Note

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Reut Regev (c) Carsten Fleck

Concerte mee och Artists in Residence zu Diddeleng

D'Trombonistin Reut Regev's a Band spillen den 29. Abrëll am Kulturzenter OpderSchmelz am Kader vum Zyklus "We love Girls".

Geschwënn ass och Zäit fir de festival "Like a Jazz Machine". De Pol Belardi war ee vun den Artists in Residence am Kulturzenter OpderSchmelz a steet zweemol op der Bühn am Kader vum Jazzfestival.

Den Anton Eger, Batteur vum faméisen Trio Phronesis, huet säin éischten Solo-Album beim Label Edition records, erausbruecht.

Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

  • Standards revisited

    Wéi eng Approche hunn d’Jazzmuseker haut zu de grousse Standarden aus dem Great American Songbook?

  • D’Geschicht vum Bass

    De Bass als Pech tëscht Harmonie a Rhythmus, eng Geschicht vun techneschen Entwécklungen, Emanzipatioun zum Soloinstrument.

  • A Tribute to Jack Johnson

    Ee vun de rockegsten Albumen, déi de Miles Davis verëffentlecht huet.

  • Reis/Demuth/Wiltgen

    De bekannte Lëtzebuerger Jazz Trio spillt de 26. Mäerz 2016 am Stater Conservatoire. Zesumme mam Saxophonist Joshua Redman.

  • Arabjazz موسيقى الجاز

    Dräi arabesch Jazzmuseker zu Lëtzebuerg.

  • Maxime Bender / Emilie Duval

    Concert vum Maxime Bender an eng nei CD vum Emilie Duval.

  • Wayne Shorter - The Newark Flash

    Ee ganz besonnesche musikaleschen Universum.

  • Gil Evans

    E groussen Orchesterchef, dee virun allem als Arrangeur ganz am Déngscht vun deene Grousse stoung.

  • Jazz zu Lëtzebuerg

    Aktuell Projete vun Artisten, déi zu Lëtzebuerg liewen: Belardi - Bender - Martiny.

  • Wynton Marsalis

    Ee vun de wéinege ganz groussen Jazzstaren an d’Philharmonie: héich gelueft wéinst senger enormer Technik a sengem onermiddlechen Asaz fir d’Cause vum Jazz

  • Dee franséische Batteur Jean-Marc Robin

    Ee sympatheschen Trommler a gär gesinnene Side-Man, deen och a sengen eegene Projete méi wéi iwwerzeegt.

  • Two Guitars vum Duo Greg Lamy, Paolo Simoes

    Op dësem CD huet den Duo Musekerkollegen agelueden, wéi ë.a. den Ernie Hammes, Jérôme Goldschmidt a Gautier Laurent.

  • Den Jazz-Programm vun OpDerSchmelz

    Den Jazz-Programm vum Kulturzenter zu Diddeléng gëtt am Detail virgestallt. Mat engem Portrait vum Perkussionist Mich Meis.

  • Den Jazz viru 50 Joer

    E variéierte Réckbléck vum Jitz Jeitz op d’Joer 1966 mat Musek ë.a. vum Don Cherry, Horace Silver, Wayne Shorter, Charles Lloyd an Chick Corea. 

  • Opnam-Session

    Am Blue Note presentéieren de Pit Dahm an de Pol Belardi Tracks, opgeholl an illustere Studioen, a si diskutéieren iwwer de Prozess vun enger Opnam-Session.

Programm

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen