Blue Note

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Like a Jazz Machine under New Management

Nodeems d'Danielle Igniti ufanks vum Joer an hir wuelverdéngte Pensioun gaangen ass, huet de Centre Culturel opderschmelz en neit Team u senger Spëtzt. Mam John Rech als Direkter an an enker Zesummenaarbecht mat der Patricia Jochheim, affichéiert sech déi 8. Editioun vum erfrëschendsten Jazz Festival am Land net manner ambitiéis, wéi déi virdrun. D'Konzept bleift bestoen: clever ausgewielte Lineups, e perfekten Encadrement vun den Artisten, egal ob aus In- oder Ausland, an eng sëllechen nei Kreatiounen a Releasë stinn um Menu. D'Patricia Jochheim stellt Iech mat Hëllef vum Pit Dahm a Pol Belardi d'Acts vir.

Rezent Emissiounen

  • Women in Jazz

    D'Fraen am Jazz déi keng Sängerinne sinn, si leider meeschtens an der Ënnerzuel. E Bléck op wonnerbar Musekerinnen, déi den Jazz mat verännert hunn. 

     

  • Een Owend mat The Bad Plus

    Fantasteschen Trio aus New York

  • Greg Lamy 4tet: PRESS ENTER

    Nei CD Release. De Programm vun Diddeleng. Den David Ascani schreift fir Big Band.

  • Zréck an d'Joer 1959

    Net nëmmen de Miles Davis huet am Joer 1959 exzellent Musek gemaach ... erliewt e puer Highlights vun deemols aus dem Rayon 'Jazz'!

  • Patrice Lerech an zwee CD-Tippen

    En Trompettist aus der Lorraine, dee Klassik an Jazz alternéiert. Zwee CD-Tippen: Jens Schöwings a Michel Bisceglia.

  • Christian Sands / Joey DeFrancesco

    Zwee CD-Tippen an den Jazz-Agenda am Neimënster fir September

  • Cameron Graves & Jimmy Greene

    Zwou CDen erauskomm beim Label Mack Avenue

  • CD-Tippen & Festivalen a Frankräich

    Zwee nei Albume bei Edition Records: Misha Mullov-Abbado - "Cross-Platform Interchange" an Daniel Herskedal - "The Roc"

  • CD-Tipps & Gaume Jazz Festival

    "Godspeed" a "Kingdom", zwou nei CD-Produktiounen an e Bléck op den Jazzfestival Zu Tintigny-Rossignol an der Belsch

  • Gaume Jazz Festival

    Dräi Deeg Jazz non-stop, aus allen Stilrichtungen

  • Jazz & Blues Rallye / New CD's

    Jazz & Blues Rallye an zwee CD-Tipps.

  • Jazzfestival Gouvy - Ufanks August

    Vum 4. bis de 6. August 2017 zu Gouvy hei vir an der Belsch

  • The Bad Plus

    E Portrait vum amerikanesche Powerjazztrio, deen d'nächst Saison och op Lëtzebuerg kënnt.

  • De Michel Reis a seng Quartetter

    De Lëtzebuerger mécht momentan en exemplaresche Parcours als Jazzpianist. Nieft deem bekannten Trio Reis-Demuth-Wiltgen ass hien och dacks a Quartettbesetzung ze héieren. 

  • Konscht!

    Vill grouss zäitgenëssesch Artisten hu sech um Jazz inspiréiert, grad esou wéi sech vill Museker vun der moderner Konscht verleede gelooss hunn.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen