arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Romain Schneider
En Zonk vun aacht Kilometer laanscht d'belsch-Lëtzebuerger Grenz soll hëllefe verhënneren, datt déi afrikanesch Schwéngspescht op Lëtzebuerg kënnt. Zanter Enn Mäerz gëtt dru geschafft, Mëtt Mee soll e fäerdeg sinn. Mécht dee Projet Sënn? Gouf en anstänneg geplangt? Ass e gutt duerchduecht? Goufen déi néideg Autorisatiounen ugefrot, d'Prozeduren also agehalen? Oder huet de Staat sech iwwer seng eege Reegelen ewech gesat? Froen un de Landwirtschaftsminister vum Maurice Molitor.