arrow_back_ios
Post vum Guy
Brasilien: Favela Morro São Carlos zu Rio de Janeiro
Den neie President ass ëmmer en Thema, wann een op Rio flitt. Et soll opgeraumt ginn, wënschen sech vill Leit an hunn dofir extrem riets gewielt. Zwar ass Villes wat do politesch zum Beschte gi gëtt zweiwelhaft, mee datt Rio e Problem mat Krimineller huet, ass net vun der Hand ze weisen. De Guy Helminger huet esou eng vun Drogebande kontrolléiert Favela besicht, wou e Lëtzebuerger e Foyer fir Kanner organiséiert huet.