arrow_back_ios
Klassik aktuell
Triple Chemin de la Croix
"Triple chemin de croix / Lang-Claudel-Dupré", dat ass de Motto vum Concert zu Éiere vum Diddelenger Kënschtler Dominique Lang, dee virun 100 Joer gestuerwen ass. Dem Moler seng Tableaue vun der Via Crucis ginn an enger Mise en espace gewisen. Dorop spillt den Alessandro Urbano dem Marcel Dupré säin "Le Chemin de la Croix" fir Uergel. Mat dobäi ass och de Serge Wolf, deen dem Paul Claudel säin "le Chemin de la Croix" rezitéiert.