arrow_back_ios
Klassik aktuell
Kee Stress
Wat mécht Stress mat mengem Kierper? Wéi ginn ech mat der Angscht virun engem Optrëtt, enger Prüfung ëm? Dat war Thema vun engem Seminaire, deen d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Museksschoulen an deene leschten Deeg organiséiert hat. Mat der Harfenistin Kirsten Ecke an de Pianiste Pascal Le Corre a Kenny Werner haten d'Organisateuren dräi Spezialisten invitéiert, déi béid Säite vun der Medail kennen: als Museker an als Fachleit a Pädagogen, déi sech mam Thema Stress befaassen.