Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

De Stefan Braum iwwer den Armand "Toto" Mergen

Enn Januar hate mir dorunner erënnert, datt den éischte Lëtzebuerger Kriminolog, den Armand "Toto" Mergen, 1919, also viru genee 100 Joer, zu Hiefenech op d'Welt komm war. Hien ass am Mäerz 1999 um Briddel verstuerwen, deemno viru ronnen 20 Joer. Eng gutt Geleeënheet fir op dem Mergen seng Recherche, säi Wierk, anzegoen. Dofir huet d'Kerstin Thalau an eisem Archiv nogesicht a mat engem Wëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg geschwat: de Stefan Braum, Expert am Droit pénal a selwer Kriminolog.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen