arrow_back_ios
Klassik aktuell
Hannescht op den Ursprong
Dem Victor Hugo säi Cénacle, säi Frëndeskrees vu Kënschtler, war eng Institutioun, déi et awer schonn net méi gouf, wéi den Auteur vu "Les Misérables" 1871 an den Exil op Veianen komm war. Op de Kënschtlergrupp ronderëm den Hugo berifft sech den Trio Cénacle, deen en nächste Sonndeg (24.3.2019) e Concert am Schlass zu Veianen gëtt - natierlech mat Melodien op Texter vum Victor Hugo.