arrow_back_ios
Aktuelles
Veganismus: Wéi gesäit d'Offer hei zu Lëtzebuerg aus?
An de Groussstied ass et scho laang keng Nisch méi: Vegan Restaurante wuesse wéi Champignonen aus dem Buedem. Och hei zu Lëtzebuerg ginn et mëttlerweil e puer Restauranten, déi Iessen a Gedrénks ouni déieresch Produiten ubidden. Trotzdem ass de Choix ëmmer nach relativ geréng, soen de Sven Mühlen an den David Everard, déi sech allebéid vegan ernären.