Papperlapop

Jamie Reinert

Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.

Julian Lage

Julian Lage & Fredrik Kinbom

Op sengem neien Trio-Album "Love Hurts" eegent sech den Julian Lage Stécker vum Ornette Coleman bis zu Roy Orbison un. Dem Jazz Gittarist säi Spill ass vu Liichtegkeet a Präzisioun markéiert. Den Jamie Reinert huet de Museker den 14. Mäerz viru sengem Concert an der Philharmonie getraff a mat him iwwer Americana, Power Akkorden an dem Jeff Tweedy säi Studio geschwat.

Aus Schwede mellt sech de Multi-Instrumentalist, Sänger a Songwriter Fredrik Kinbom. "Songs for Lapsteel and Harmonium" - d'Iwwerschrëft vu sengem neien Album verréit eis schonn ëm wat et hei geet, an zwar ëm zwee Instrumenter, déi normalerweis net co-habitéieren. D'Cynthia Hornick huet sech mat him ënnerhalen.

Playlist:

  1. Julian Lage - Tomorrow Is The Question (Love Hurts, 21.02.2019 - Mack Avenue Records)
  2. Julian Lage - In Heaven (Love Hurts, 21.02.2019 - Mack Avenue Records)
  3. Julian Lage - Crying (Love Hurts, 21.02.2019 - Mack Avenue Records)
  4. Fredrik Kinbom - Fulvals (Songs for Lap Steel and Harmonium, 9.11.2018 - Sotones Records)
  5. Fredrik Kinbom - Crystal Fruit Bowl (Songs for Lap Steel and Harmonium, 9.11.2018 - Sotones Records)
  6. Fredrik Kinbom - Swede Hollow (Songs for Lap Steel and Harmonium, 9.11.2018 - Sotones Records)
  7. Fredrik Kinbom - Krumme Lanke (Songs for Lap Steel and Harmonium, 9.11.2018 - Sotones Records)
  8. Fredrik Kinbom - The Cinema Behind The Bakery (Songs for Lap Steel and Harmonium, 9.11.2018 - Sotones Records)
  9. twain - Little Dog Mind (New Miami v.) (New Miami Sound, 25.01.2019 - Keeled Scales)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen