arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den enigmatesche 6. Pianosconcerto vum Beethoven
Offiziell ginn et vum Beethoven fënnef Pianosconcerti. Op den Affiche vu Concerte kann et emol virkommen, datt e Concerto Nr. 6 ze fannen ass, eng Transkriptioun vum Geieconcerto. Dëst Wierk an e puer Iwwerraschunge stinn um Programm en nächste Méindeg (18.3.2019) vun engem Concert mat de Solistes Européens, Luxembourg ënnert der Direktioun vum Christoph König. Um Piano: de Martin Stadtfeld.