Aktuelles
Mudam: externe Beroder fir Entspanung vun der Situatioun
De Mudam soll gutt funktionéieren an de Musée fir zäitgenëssesch Konscht soll zur Rou kommen: dëst Zil hu gëschter souwuel d'Kulturministerin Sam Tanson (déi gréng), wéi och déi fréier Ministerin an aktuell CSV-Deputéiert Octavie Modert formuléiert.
Virdrun haten d'Deputéierten aus der Chamber-Kulturkommissioun, op Demande vun der CSV-Fraktioun, Explikatioune vun der Mudam-Directrice Suzanne Cotter kritt, iwwer déi aktuell Situatioun am Musée um Kierchbierg. Mëtt Januar koume jo anonym Kritike vu Säite vum Personal un den Aarbechtskonditiounen am Mudam engersäits an un de Personalentscheedungen anerersäits.
Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.